Oppe Kierchen Monnerech huet matgemaach.

Simone Wohl Kierche Guidin an Stephanie Duprel Organistin.


Monnerech huet matgemaach um Weekend vun den oppene Kierchen. Samschden, den 5 Juni wor eng ganz interessant Féierung an der Monnerecher Kierch. Des Barockkierch déi 1738 gebaut gouf, huet en formidabelen originalen Mobilier vun dëser Zäit. Sigmund Mungenast, Christen Haenle, Nicolas Anceaux, Fritchen Biever, Philippe Mathai, Nicolas Jacqué, dëst sinn just e puer vun den bekannten Baumeeschter an Handwierker déi dësen Bijou vun Kierch gebaut hunn.

Simone Wohl, Kierche Guidin, huet den Nolauschterer munch Detailer erkläert.


Sonndes, den 6 Juni wor en Uergelconcert vum Stephanie Duprel wat op eng gekonnt Aart a Weis déi wonnerschéin Oberlinger Uergel mat Musek Konscht wierker vum Diettrich Buxtehude (1637-1707) Magnificat Primi Toni (Bux WV 203) oder vum Charles-Marie Widor (1844-1937) Symphonie V (Op. 42,1)

Allegro vivace, Allegro cantabile, Andantino quasi allegretto, Adagio, an Toccata erklénge gelooss huet.