Chrëschtmaart a ContArt

De Weekend vum 2. bis de 4. Dezember huet de Schäfferot vun der Gemeng Conter häerzlech op de Chrëschtmaart, op de ContArt an op d'Journée du mérite culturel et spécial agelueden. Iwwert de ganze Weekend konnt een ausgeloossen a wanterlecher Stëmmung schéi Momenter matenee verbréngen. Eng Neiegkeet war eng Afterwork-Party mat de Gondelrocker - an als Éieregaascht koum de Samschdeg och de Kleesche laanscht!