Den Nino Sopranino a seng Famill am Mutferter Park

De Samschdeg, den 9. Juli huet de Schäfferot vu Conter den Nino de Sopranino mat senger Famill an de Mutferter Park agelueden, fir e flotten Nomëtteg mat de Kanner vun der Gemeng ze verbréngen. Zesumme mat Saxitude huet den Nino de Klengste vun der Gemeng eng flott musikalesch Geschicht erzielt. Mat dobäi waren den Erzieler a Perkussionist Al Ginter an de Saxophons-Quartett Saxitude (Robi Arend, Pierre Cocq-Amann, Dominique Gatto, Gregory Ney). Nieft bekannte Stécker, déi fir Saxophon komponéiert gi sinn, wéi de Pink Panther, de Boléro, Take 5, konnte Kleng a Grouss eng ganz Rei vun neie Stécker entdecken, déi de Robi Arend fir den Nino komponéiert huet. Vun der klassescher Musek iwwer Jazz bis zur moderner Musek war bal all Museksstil vertrueden.