Massaker zu Sonnenburg: Vernissage vun 3 Ausstellungen zu Mutfert

De Schäfferot vun der Gemeng Conter, d'Enrôlés de Force - Sektioun Conter an d'Fédération des Enrôlés de Forces et Victimes du Nazisme hunn de Freideg, de 27. Januar op de Vernissage vun den Ausstellungen “Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich”, “Ons Jongen a Meedercher” a “Gefaangenelager 188 Tambow” agelueden. Dës Ausstellunge sinn nach bis de 5. Februar am Kulturzenter zu Mutfert jeeweils vu 14.00 bis 18.00 Auer ze gesinn.