Ophänkung vum 1.000. Nistkasten

Am Kader vum 100. Gebuertsdag vun der Natur&Ëmwelt Asbl. huet eis Buergermeeschtesch, d'Marion Zovilé-Braquet, haut déi grouss Freed gehat, zesumme mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg den 1.000. Nistkasten an de fënnef Gemengen, déi der Natur- an Ëmwelt Ieweschte Syrdall ugehéieren (Conter, Sandweiler, Niederanven, Schëtter, Weiler), virum Kulturzenter zu Mutfert opzehänken.


Zu dësem Ulass huet de Schäfferot - nieft interessante Riede vun eiser Buergermeeschtesch, dem Marion Zovilé-Braquet, vum Natur&Ëmwelt-President Roby Biwer, vum Jim Schmitz, President vun der Natur&Ëmwelt Ieweschte Syrdall, a vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg - och e klengen Tour ronderëm de Mutferter Kulturzenter organiséiert, wou d'Invitéeën divers Nisthëllefe besichtege konnten.


Dës Aktioun, déi an Zesummenaarbecht mam Natur- a Vulleschutzveräin Ieweschte Syrdall realiséiert gouf, hëlleft de Vigelaarten am urbane Raum, fir hire Liewensraum ze erhalen.


Opgrond vun der aktueller Covid-Situatioun gouf dësen Event a klengem Kreess ofgehalen.