Repair Café zu Mutfert

Déi éischt Editioun vum RepairCafé, déi d'Gemeng Conter zesumme mam CELL a mat eisem Fairtrade-Grupp de Samschdeg, de 26. November zu Mutfert organiséiert huet, war e vollen Erfolleg. Ob e Fön, eng Kaffismaschinn oder awer eng Nintendo Switch – eis Tüftler krute sou gutt wéi alles nees un d’Goen. Donierft haten d’Visiteuren och d’Méiglechkeet, a gudder Gesellschaft e flotte Moien zesummen ze verbréngen. Fir Iessen a Gedrénks aus fairem Handel huet de Fairtrade-Grupp vun der Gemeng gesuergt. De Schäfferot seet jidderengem, deen un der éischter Editioun vum RepairCafé deelhëlt, villmools Merci!