Welcome-Owend vun den neien Awunner

E Mëttwoch, de 5. Oktober huet déi éischt Ausgab vum Welcome-Owend vun den neien Awunner vun der Gemeng Conter am Mutferter Kulturzenter stattfonnt. Eng sëlleg nei Awunner vun der Gemeng hunn un dëser sympathescher Begréissungsfeier deelgeholl.


D’Buergermeeschtesch, d’Marion Zovilé-Braquet, dat vun de Schäffe Fernand Schiltz an Tom Jungblut an anere Membere vum Gemengerot begleet gouf, huet sech a senger Ried erfreet gewisen, dass sech esou vill Leit an der Gemeng Conter nidderloossen wëllen, an huet op d'Solidaritéit an den Zesummenhalt an der Gemeng higewisen.


Wärend der uschléissender Receptioun haten déi nei Awunner dunn d’Méiglechkeet, sech iwwert de Fonctionnement vun der Gemeng an d’Liewen zu Conter bei de Responsabele vun de verschiddene Gemengeservicer z'informéieren. Iwwer 4.300 Persounen, opgedeelt op 77 Nationalitéiten, wunnen den Ament an der Gemeng Conter.