Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. mat groussem Projet fir 2023

Den 20.10.2022 huet sech den neien, vergréisserte Comité vun der Lipödem Lëtzebuerg a.s.b.l. getraff. Dem Comité läit et um Häerzen datt d'Krankheet Lipödem Eescht geholl gëtt Dobaussen. Dofir kläert a.s.b.l. ëmmer erëm iwwert dës Krankheet, hir Folgen, an d'Leide vun de Patienten op. An der Hoffnung dat Patiente Verständnis kréien an déi Hëllef kréien, déi si esou dringend brauche fir en e bëssen normaalt Liewe kënnen ze féieren. An dësem Comité ass et ëm e grousse Projet gaangen, den d'a.s.b.l. geplangt huet fir den 22.04.2023 zu Suessem. Si organiséieren op dësem Dag e groussen Infodag ronderëm d'Krankheet Lipödem. Hei wäerte verschidden Doktere Virträg halen an et kann een sech d'Infoen op den Infostänn sammele goen. Hei ass Jiddereen invitéiert, den sech informéiere wëllt kommen iwwert dës Krankheet an de Leidenswee vun dëse betraffene Patienten. Infoe ginn et op www.lipoedem.lu .