Generalversammlung Clausen an Neiduerf-Weimeschhaffer Musek

De President vun der Clausener Musek , André Heinen, huet d‘Memberen vun der Clausener an der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek begréisst a Merci gesot fir hir Präsens zu enger aussergewéinlecher Generalversammlung vun 2021 an 2022, dëst bedéngt duerch d’Pandemie. Uschléissend huet hien zu enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen Memberen opgeruff. Mat Mercien goung et weider un d’Musikanten , dem Chef, fir hiren Asaz während deenen vergaangenen 2 Joer. E Merci och un Theaterequipe, déi leider, no en ettlech Prouwen, den Theater huet missen ofsoen, wéinst der Pandemie. D’Joelle Flammang huet den Aktivitéitsbericht virgedroen deen duerch déi gewosste Situatioun kleng ausgefall ass. An der Zukunft gesäit et besser aus, esou dass déi gewinnte Concerten „Mammendag an Belsche Nationalfeierdag“ op der Plëss fest am Programm stinn. An der Keess war duerch déi bekannte Situatioun net vill ännerungen esou dass en equilibréierten Bilan konnt presentéiert ginn, deen duerch den Keesserevisor Claude Hornick bestätegt gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keessebericht per acclamatioun ugeholl an d’Keessereviseuren, Guy Grosber an Claude Hornick fir e weidert Joer bestätegt. Duerno war un der Neiwiel vum Comité wou de President informéiert huet, dass den Herber Paul seng Kandidatur net méi géing stellen. E grousse Merci fir dem Paul säin Asaz an all deene Joeren am Comité. All déi aner vun deenen 2 Comitéen, Heinen Änder, Angel Marc, Viviane Heinen, Flammang Joelle, Haag Peggy, Haag Gilles, Philip Lee, hunn hier Kandidatur oprecht erhalen a goufen vun der Assemblée bestätegt. De President, Marc Angel, vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek huet am Numm vun deenen 2 Museken der Assemblé Merci gesot, fir hiert Vertrauen an de Comité fir d’Zukunft. Och Mercien vun him, un all déi, déi mat Asaz an der Musek wéi och zum Wuel vun der Musek bäidroen. Als Ofschloss, häerzlech Gratulatiounen un den Heinen Änder, fir seng Ernennung zum neien UGDA President. Gratulatiounen gouf et och, am allgemengen, un de Marc Angel, als neie Vize-President vum Europäesche Parament. Weider goung et mam Chef, Ansis Nikolovskis, mat Mercien un d’Musikanten fir hiren Asaz an dëser schwiereger Zäit, awer och an Zukunft gär méi Concerten hätt mat och méi Musikanten, zum Beispill, aus der Museksschoul. Dem Comité ass sech der Situatioun bewosst, trotz ville Schüler, dass duerch d’Verdeelung vun de Musekschoulen (Solfège an Instrumenter) an der Stad, en ettlech Schüler an enger anerer Musek spillen, amplaz bei ons. No enger Léisung gëtt gesicht.
D’Medaillen waren kuerz virun der Generalversammlung um Wanterconcert iwwerreecht ginn.
USMVL: Insigne: Grosber Guy, Heller Matthes ; Bronze: Heinen Viviane, Haag Peggy; Argent: Angel Marc; Vermeil: Flammang Joelle; Vermeil Palmettes: De Cillia Jean; Insigne en Or: Hornick Claude.
UGDA: Bronze: Heller Matthes, Theisen Lio; Vermeil Grand-Duc Adolphe: Sauber Alice
An der fräier Aussprooch gouf nach kuerz drop higewisen, dass duerch Organisatoresch Problemer am Neiduerf , verschidden Akteuren ofgesot hunn fir Theater ze spillen. Wéi et weider geet muss ee kucken.Weider Infoen op www.fofa.lu