Generalversammlung Dëschtennis „Centre Européen Weimershof “

22 Natiounen am Veräin aktiv

De President Gino Sousa Santos, huet d‘Memberen vum Dëschtennis „Centre Européen Weimershof “ begréisst a Merci gesot fir hir Präsens an der Generalversammlung. Mercien och un de Comité fir hirt Engagement, de Spiller a Spillererinnen fir hiren Asaz, der Gemeng fir all Ënnerstëtzung, fir e normalen Oflaf vun Training an Match ze garantéieren. 22 Natiounen sinn am Veräin aktiv, a fir do eng uerdentlech gestioun ze garantéieren, ass vill Engagement erfuerdert. Fir d’Zukunft gesäit et gutt aus wann jiddereen matschafft, well Aarbecht gëtt et genuch. E spezielle Merci, mat engem Bouquet, fir d’Sekretärin, Simone Kintzelé- Majerus, déi vill engagéiert war mat der Gestioun vun Informatiounen am Veräin, ewéi och mat der Federatioun. Nom Applaus vun de Memberen, huet d’Sekretärin de Rapport vun der leschter Generalversammlung fir gedroen an uschléissend iwwert déi vergaangen Saison informéiert. Cadet ewéi och Seniorequippen waren am Asaz a hunn d’Saison erfollegräich ofgeschloss. Op verschidden Tournoien dorëmmer, waren Spiller am Asaz a konnten gudd Resultater virweisen. Fir d’Zukunft bleift et bei Cadet an Seniorequippen. Et gëtt nach versicht an der Hal um Kiem, méi Trainingsstonnen ze kréien. Erfreelech ass, dass en Trainer engagéiert konnt ginn. De Keessier Toni Matos huet en equilibréierten Bilan vun der Keess presentéiert. E Roboter fir den Training konnt mat Doen bal ganz finanzéiert ginn. Vun him en häerzleche Merci un Donateuren. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keessebericht per acclamatioun ugeholl. En Deel vum Comité gouf nei bestätegt ewéi och d’Keeserevisoren. An der fräier Aussprooch waren nach e puer intressant Froen awer och gutt Rotschléi fir och an der Zukunft en erfollegräichen Oflaf am Training an am Championnat ze garantéieren.