Wanterconcert Fanfares des Faubourgs mat Schülerauditioun

Kierzlech war um Kiem an der Sportshal den traditionelle Wanterconcert mat Schülerauditioun vun der Fanfares des Faubourgs. De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, Marc Angel, huet d’Leit häerzlech begréisst an d’Wichtegkeet vun de Schüler fir Zukunft vun der FOFA erkläert. Dëse Concert zesumme mat der Musek an hire Schüler soll dat ënnersträichen. E war dunn e grousse Merci un den Interimsdirigent, Jean-Marie Thein, deen Direktioun vun der Musek iwwerholl huet well de fréieren Dirigent kuerzfristeg demisssionéiert hat. E flotte Concert mat der FOFA an hire Schüler gouf gewënscht. Als Optakt vun der FOFA war e flotte Marsch, „SIMBA“ vum Sabrina Percacciolo, duerno „STRANGERS IN THE NIGHT“ Bert Kaempfert; „LET IT BE“ Beatles; „CARTOLINO DA CUBA; Giancarlo Gazzani an als Ofschloss vum éischten Deel „L'ITALIANO“ Toto Cutugno. Presentatioun vum Programm louch an den Hänn vum Claude Hornick. „L'ITALIANO“ war och den Iwwergang bei de Cosimo Colaci, responsabel vun de Quartiersmusekschoulen vum Stater Conservatoire. Hien huet d‘Wichtegkeet vun de Quartiers Musekschoule fir déi lokal Museken ënnerstrach an duerch de Programm vun deene verschiddenen Auditiounen, Solfège an Instrumenter, mat Detailer geleet. Héichpunkt war d’musizéiere vu verschiddene Schüler an der Musek selwer. Fir den Ufank eppes méi Liichtes fir lues a Stëmmung ze kommen. „Cyclist in Moscow“ Jan de Haan an als Ofschloss eppes Rockeges. „No Stop Rock“ Camine Pastore. De Publikum war Begeeschtert an huet dat mat euphoreschem Applaus honoréiert . De President vun der Clausener Musek , André Heinen, huet alle bedeelegten e grousse Merci ausgesprach an op e Patt invitéiert. D‘Publikum huet ugefaange rhythmesch ze Klappen a wollt d’Musek mat de Schüler nach eng kéier héieren. Mat Rock a Rhythmus goung dëse flotte Wanterconcert op en Enn.

www.fofa.lu

Fotoen:Viviane Heinen