Don fir "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" vun der Crèche Billek

D’Elterevereenegung „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ krut vun der Crèche Billek vun Niederdonven dee generéisen Don vun 1000 €. Des Zomm ass am Kader vun hirem Summerfest zesummekomm, a gouf an der Crèche vun de Kanner iwwerreecht, déi gehollef hunn de Scheck nach kreativ ze verschéineren.