Scheckiwerrechung Maison Relais & Crèche Billek

De Wantermaart 2023 vun der Maison Relais & Crèche Billek war e groussen Erfolleg ! Den Erléis vum Verkaaf vu Basteleien , Hunneg, Gebees a selwer gemaachte Kärzen , ass mat vill Freed a Laachen vun de Kanner iwerrecht gin.

Ile aux Clowns seet e grousse Merci ! Mat all Spende kennen Spidolsclownen och weiderhin klengen a grousse Menschen e Laachen op Gesicht zauberen .