Käerjenger Bouwe

E Grupp vu motivéiert jonke Léit huet am Oktober 2017 d'Associatioun Käerjenger Bouwe gegrënnt.

Sie organiséiere verschidde Manifestatiounen an huelen och un Eventer wéi Bëschfest, Käerjeng Live, Chrëschtmaart asw. deel. Ziel ass et en Deel vun de Suen déi Sie bei dëse Manifestatioune sammelen , un eng vun hinnen ausgewielten Organisatioun ze spenden.

Dëst Joer ass Spend ënner anerem un Ile aux Clowns gaangen. Villmools Merci fir dëst Engagement .