De Jean- Pierre Spanier feiert säin 85. Geburtsdag



Närden: Ganz erfreet an och iwerrascht war den Jean- Pierre Spanier vun Närden, wéi hien di schéi Blummen a Kichelcher mat de Gratulatiounen vum Buergermeeschter Thierry Lagoda fir säin 85. Gebuersdag am Numm vun der Gemeng Bieckerech konnt entgéint huelen. De Jean- Pierre Spanier gouf den 13. August 1936 als eenzege Jong vum Jean Spanier an Marguerite Koch zu Dikkerich gebuer. D’Hochzäit mam Pepy Nehrenhausen vu Medernach war den 14. August 1958. Aus hirem Bestiednis sin zwéi Jongen an eng Duechter erviergaangen. Haut sin di véier Enkelkanner de Stolz vun der Famill Spanier. A sengem aktiven Berufsliewen huet de Jubilar während 10 Joer bei enger Exportfirma an duerno während 36 Joer bei der Raiffeisekees zu Närden bis zur wuelverdingte Pensioun den 31. Januar 1999, sengt deeglicht Brout verdingt. A senger Fräizäit war den Jean- Pierre Spanier langjährigen Ënnerkommandant bei de lokalen Pompjeeën an och aktive Chouersänger. Leider ass seng Fra den 5. Abrël 2019 verstuerwen. Am Kader vun der sympathischer Gebuertsdagsfeier ass d’Glas dunn op wieder gesond an zefridden Joeren erhuewe gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)