Dem Marie- Louise Didier- Feilen , Alles Guddes fir den 90. Gebuertsdag


Näerden: Gebuer den 1. Abrël 1933 zu Déifferdeng, als eelst Duechter vun zwee Kanner vum Brautpuer Nicolas Feilen a Lucie Dax, konnt d’Marie- Louise Didier- Feilen bei gudder Gesondheet, doheem zu Naerden, hiren 90. Gebuertsdag feieren. Wärend hirer Jugendzäit huet di geléiert Néiherin zu Réiden/Atert an duerno an der Stadt Lëtzebuerg geschafft. No hirem Bestiednis den 8. August 1953 mam Marcel Didier vu Giewel, den sengt deeglicht Brout bei Arbed Belval verdingt huet, sin di Zwee op Näerden geplënnert. Aus hirem Bestiednis goufen e Jong an eng Duechter gebueren. No an no huet sech d’Famill Didier- Feilen sech ëm fënnef Enkel- an véier Urenkelkanner vergréissert. Zënter November 1992 ass d’Marie- Louise Didier- Feilen Wittfra an mëcht hiren Haushalt doheem och nach selwer. Mat schéinen Orchideen an Petits- Fours war de Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengen zwéin Schëffen Laurent Klein a Claude Loutsch bei der Jubilarin zu Naerden virstellig, fir dem Gebuertsdagskand zu hirem 90. Gebuertsdag di allerbëscht Gléckwënsch säitens der Gemeng Bieckerich ze iwerbrëngen. Duerno ass d’Glas zesummen mat der Famill op weider gesond an zefridden Joeren erhuewe gin. (CR)(Foto: Charles Reiser)