Vizfest: „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ verknäppt Tradition an nei Technik
um weitere Bilder zu sehen.
Mëtt Oktober : D'Wieder ass dréchen a kloer. An dach, kill Temperaturen kënnegen deen nächste Wanter schonn un.
Beim „Gaart an Heem“ zu Uewerkäerjeng allerdéngs, verpufft déi Keelt am Nu - dank där flotter Gentillesse an Häerzlechkeet, déi si op hirem Vizfest nees un den Dag leeën. Ewéi an de Joere virdrun, huet de Veräin nees op dat traditionnelt Fest agelueden. D'Stëmmung an deem beléifte klenge Parc virum Veräinsglokal ass gemittlech, jo, ausgelooss.
D'Viz-Äppel staamen, natirlech, vun nationaler Origine. Och fir dës Editioun gouf nees intensiv mat der APEMH zesummegeschafft, qualité oblige. Donieft huet de Veräin och an neit Geschier investéiert: Moser a Kelter, eng Hydropresse, si fonkelnei a feieren elo Première. Virun den Ae vun alle Gäscht gëtt Viz hei frësch gepresst, gefiltert an a Fläschen agefëllt. D'Freed ass grouss, bei allen, déi present sinn.
D'Äppel op de sur place gebakenen Taarten an an den Äppeltäschen sinn all biologesch. Absolute Renner awer bleift ... deen äusserst beléiften Hausmaacher-Pâté, och deen ass selwergemaach. De Comité huet es dëst Joer duebel esou vill virbereet ewéi soss, an dach - trotz dëser Mass ass och deen nees séier ausverkaaft. Ma niewt dësem Klassiker ginn awer och nach aner regional Produkter ugebueden, ewéi Hunneg, Kürbisse, Nëss, Äppelchips an....
A punkto Kulinarik kënt keen ze kuerz. Esouwuel herrlech gesmokede Spare-Ribs, ewéi och Bouletten mat passende Beilagen ginn opgedëscht. Avis aux amateurs.
Ideal bei deenen kalen Hierscht-Temperaturen, ass ee weideren Highlight: dee wierklech exzellente Viz-Punsch.
De Veräin a seng Gäscht huele sech déi néideg Zäit, nach laang gëtt a geselleger Ambiance mateneen gepotert - ët ass e gelongent Fest. Dat nächst Vizfest fënnt am Oktober statt, deen nächsten Hausmaacher-Paté awer gëtt et schonn éischter, nämlech um Käerjenger Chrëschtmaart. Wéi Informatiounen gëtt et direkt beim Sekretär - no 19:00 Auer ënner der Nummer (+352) 661 / 271 070. Vierbestellunge ginn hei och entgéintgeholl.