Orchideen zum 85. Liewensjoer fir de Georges Tirard


Uewerpallen: Ganz erfreet war de Georges Tirard vun Uewerpallen, wéi hien vum Buergermeeschter Thierry Lagoda mat sengen zwéin Schëffen Laurent Klein a Claude Loutsch eng Coupe mat schéinen Orchideen a petits- fours verbonnen mat denen bëschte Gléckwënsch fir säin 85. Gebuertsdag, konnt entgéint huelen. De Georges Tirard gouf den 18. Januar 1937 als eenzege Jong vum Brautpuer Henri Tirard an Amélie Krier zu Bonnert (B), gebuer. A senger aktiver Berufszäit, war de Georges an der Garage Muller zu Lëtzebuerg beschäftigt, fir spéider dann als Garagist zu Arel bis zu senger Pensioun am Joer 2003 sengt deeglicht Brout ze verdingen. Den Dag vun der Hochzäit mam Nicole Quoirin vun Arel war den 25. Juli 1959. Aus hirem Bestiednis sin e Jong an eng Duechter ervirgaangen. Haut zielen fënnef Enkel- an véier Urenkelkanner zum Stolz vun der Famill Tirard. Si hun zesummen zu Tontelange (B) gewunnt fir dann schon virun 10 Joer an hirem neien Heem hieren Liewensowend zesummen können ze verbrëngen. A gudder Gesellschaft ass d’Glas zesummen erhuewe gin an op weider gesond a glécklech Joeren ugestouss gin. (CR) (FOTO: CHAREL REISER)