Dag vum Bam 2022

Den 19. November huet de Schäfferot vun der Gemeng Conter op den Dag vum Bam fir déi Neigebueren invitéiert. 22 Elteren hunn zesumme mat eisem Service jardinage, mat eiser Ëmweltkommissioun a mam CTF Mutfert-Méideng de Bam fir de Joergang 2021 an de Buedem gesat an hire Meter Heck (ee pro Neigebuerenen) geplanzt.


D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet, d’Schäffe Fernand Schiltz an Tom Jungblut a Membere vum Gemengerot hunn un der Planzaktioun deelgeholl. No der Planzaktioun huet de Schäfferot all d'Participanten op e gudde Schocki an op Glühwäin invitéiert.