Remerciement vun der Schoulsackaktioun 2021 (KANNER A FAMILLJENHËLLEF asbl)

,,570 gefëllten Schoulsäck, 19 Këschten Schoulmaterial, 53 Eenzelschoulbänken an 42 Duebelschoulbänken mat passenden Still, Spillsaachen, Kleeder, Vëloen, Babybettercher, Kutschen, Buggyen asw. sinn den 11 August per Fernlaster zu Ollem op Lutsk an d’Ukrain transportéiert gi. Charitable fund “Mission Help” verdeelt des Saachen an de Schoulen an un aarm Familljen vun deenen klengen Dierfer ronderëm Lutsk. Vill Kanner wäerten sech freeën an elo léiwer an d'Schoul goen mat hirem schéinen, gutt gefëllten Schoulsak.

Dofir seet KANNER A FAMILLJENHËLLEF all deenen Leit en häerzleche Merci, déi des Aktioun ënnerstëtzt hunn, sief et materiell oder finanziell.''