Flotte Konveniat vun der Joergäng 1940 bis 1950


Ospern: No der Corona- Pandemie a Lockdown hun den 24. September, d’Maisy Unsen- Mehlen, d‘Lucie Schneider- Hengen an d’Andrée Glesener- Leytem op e Neits beschloss e Konveniat z’organiséieren. An zwar vun de Schoulkommerodinnen a Schoulkomeroden vun Osper,Eltz a Räichel vun de Joergäng 1940 bis 1950, déi an der Primärschoul zu Osper d’Schoulbänk gedrëckt hun. Hiere Schoulmeeschter- den Här Ed Moris – huet sech et och nit huele geloos, fir a sengem héichen Alter mat sengen fréiere Schüler zesummen ze feieren. Di fréier Schüler hun sech am Restaurant „Op der Millen“ zu Bieckerich bei guddem Wieder erëmgesin. No dem Apéritif an no enger kurzer Begréissung ass e gudde Maufel zerwéiert gin. An enger Gedenkminut ass awer och un di verstuerwe Kollegen a Kolleginnen awer och un deijenig déi dem Konveniat nit konnte beiwunnen, geduecht gin. D’Stëmmung war excellent an et gouf vill erzielt an den „Dichterkolleg“, René Devaquet , den schon vu fréier esou vill aus der Kanner- a Jugendzäit erzielt hat, huet eis mat engem Lidderquiz un d’Nodenke bruecht. Et gouf och ganz vill gelaacht, gesong a gedanzt, woubai den Akkordeonist vum Konveniat, Armand Schleich mat sengem Akkordeon begleet huet. No e puer geselliger Stonnen vu flottem Zesummesin, war de Wonsch sech dat nächst Joer erëm ze gesin.(Foto: Charles Reiser)