Dem Alexandre de Halleux zum 95. Gebuertsdag alles Guddes gewënscht


Perlé: Op den Dag genau zu sengem 95. Gebuertsdag vum Alexandre de Halleux, war d’ Buergermeeschteg Myriam Binck mat sengen zwéi Schëffen Sonja Kettmann an Mike Bolmer bei de Jubilar op Perlé komm, fir him mat enger gut gefëllter Corbeille zu sengem ronnen Gebuertsdag Alles Guddes a weiderhin eng gut Gesondheet ze wënschen. Den Alexandre de Halleux ass den 13. Juli 1928 zu Uccle (B) op d’Welt komm. D’Hochzeit mam Anne Hemeleers aus La Roche-en Ardenne (B)war am August 1962. No hirem Bestiednis huet d’Koppel zu Bréissel geliewt an ass am Joer 1985 zesummen mat hirer Duechter an hirt neit Haus zu Perlé wunne gaangen. Leider ass dem Jubilar seng Fra, Anne, am Joer 2017 gestuerwen, esou dat den Alexandre de Halleux bis haut nach eleng an sengem Haus säin Liewensowend verbrëngt. Ganz frou iwert de sympathische Besuch huet sech de Jubilar gefreet an och villmols Merci gesoot fir de léiwe Geste vun der Gemeng Rammerich. (CR) (Foto: Charles Reiser)