Dem Henri Rech zum 90. Gebuertsdag gratuléiert


Perlé: Ganz frou an och iwerrrascht fir di schéi Corbeille, déi den Henri Rech vu Pärel, genau op sengem 90. Gebuertsdag iwerreecht kritt huet. Et war d’Myriam Binck, als Buergermeeschter mat den Schëffen Sonja Kettmann a Mike Bolmer, déi dem Jubilar, Doheem di bäschte Glëckwënsch am Numm vun der Gemeng Rammerich iwerbruecht hun. Den Henri Rech ass den 7.Juni 1937 als den zweet eelsten vu sechs Kanner zu Wolwen op d’Welt komm. Seng Elteren waren den Willy Rech vu Wolwen an d’Josephine Derneuden vu Martel. Am Joer 1958 ass Hochzäit gefeiert gin mam Francine Graf vu Pärel. Aus hirem Bestiednis sin zwee Meedercher an e Jong erviergaangen. Haut ass d’Famill Rech- Graf ganz stolz op hier 3 Enkel- an hirt eenzegt Urenkelkand. A sengem aktiven Berufsliewen huet de Henri Rech wärend 10 Joer op der Koll zu Uewermaartel geschafft fir spéider dann, an dat bis zu senger Pensioun am Joer 1991 sengt deeglicht Brout op der Goodyear zu Colmer- Bierg ze verdingen. Seng Fräizäit war och gut gefëllt als ganz aktiven Pompjeesmann, Member vum Komitee vum lokalen Fussballveräin an och am Supporterclub vun der Päreler Musik. Zesummen ass d’Glas erhuewe gin an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)