Gemittlichen Nomëtteg an e Kado fir d'Senioren


Perlé: Et ass schon zënter Joerën eng Traditioun an der Gemeng Rammerich, fir d’Senioren an der Adventszäit am Kader vun der Journée du Grand Age anzelueden an hinnen e schéinen Nommëtteg a gudder Ambiance ze gönnen. Nit manner wi 160 Matbierger aus der Gemeng Rammerich haaten sech ugemellt fir am Festsaal zu Perlé nom Apéritif an de Wëllkommensgréiss vun der Schäffin Myriam Binck, dem Mike Bolmer an Michelle Brickler, den deftigen Menü vum neie Kachmann- Pascal Garçon- och gut schmaachen ze loossen. Wi gewinnt huet den Mike Poiré de ganzen Nommëtteg mat flotter Danzmusik fir bäscht Stëmmung am Sall gesuergt. Mat Begeeschterung an engem grousse Merci ass jidderengem zum Ofschloss vun deser Feier e praktische Kado iwerreecht gin verbonnen mat denen bäschte Wënsch fir di kommend Feierdeeg. (CR) (Fotos: Charel Reiser)