Perlé: Bei gudder Gesondheet a mat berechtigtem Stolz konnt den Aloyse Stadtfeld, Doheem zu Perlé viru kuurzem säin 90. Gebuertsdag och feieren. Den Aloyse ass de 5. Juli 1936 als den zweetjéngste Bouf vu sechs Kanner zu Perlé op d'Welt komm. Seng Elteren waren de François Stadtfeld an d'Marie Wagner, allebéid vu Perlé. Den 11. Abrël 1966 huet den Aloyse Stadtfeld sech mam Henriette Colas vu Perlé bestuet. Aus hirem Bestietnis sin dräi Jongen ervirgaangen. Haut ziele véier Enkel- an zwee Urenkelkanner zum Stolz vun der Famill Stadtfeld- Colas. A sengem aktiven Berufsliewen huet de Jubilar vun 1950 bis 1956 op der Leekoll geschafft fir duerno bis zu senger Pensioun am Joer 1989 op der Goodyear zu Colmer- Berg sengt deeglecht Brout ze verdingen. Och am Veräinsliewen war den Aloyse ganz mat Häerz a Séil derbéi. Esou war hien wärend laanger Joeren am Fussball, an der Musik an och am Gesank ganz aktiv a wärend 18 Joer am Gemengerot tätig. Fir d'Madame Buergermeeschter Myriam Binck an a Presenz vun hirem Schëffe Mike Bolmer, war et eng besonnesch Éier fir dem Aloyse Stadtfeld mat enger gut gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Rammerich di allerbëscht Gléckwënsch zum 90. Gebuertsdag ze iwerbrëngen. Besonnesch huet Madame Buergermeeschter di stete Presenz vum Aloyse bei verschidde Manifestatiounen op der Leekoll an och an der Gemeng ervirgehuewen. Duerno ass a flotter Ambiance zesumme mat der Famill, d'Glas erhuewe ginn an op weider gesond an zefridde Joeren geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)