Gudd Ambiance op der Seniorefeier vun der Gemeng Rammerich

Zesummen an der Adventszäit gefeiert


Pärel: Iwer 180 Seniore waren der Aluedung vun der Gemeng Rammerich nokomm, fir zesummen e puer flott Momenter a gudder Ambiance an der Adventszäit am Kulturzenter zu Pärel mateneen ze verbrëngen. Zesummen mam Schäffen- a Gemengerot war et fir Madame Buergermeeschter Myriam Binck eng grouss Freed di vill uwiesend Matbierger häerzlich ze begréissen. An hirer Laudatio huet si drop higewissen, dat de Gemengerot fir all Bierger aus der Gemeng do ass, a waert och an Zukunft säi Bäscht machen fir do ze sin wou de Schoung drëckt. Ee Joer voller Momenter, déi eis Freed gemeet hun a Courage, an daer Momenter, déi eis Suergen gemeet hun- heiheem, awer och ëm dat wat de Moment an Europa an och an der Welt geschitt. Dat wat einfach d’Mënschen verbënnt, ass de Rechtsstaat. Gemeinsamkeet, Verantwortung a Chancen stinn no beieneen a brauchen eng nei Verankerung. Mat de Chamber- a Gemengewalen koum et och zu engem Wiessel an der Gemeng Rammerich, wou eisen langjährigen Buergermeeschter Toni Rodesch definitiv Äddi gesoot huet an iwert de Wee soen mir him Alleguerten villmols Merci wat hien geleescht huet, an dat och vill eis eeler Matbierger. Dat huet och e groussen Applaus verdingt. Och no de Wahlen si mir dem Allgemengewuel verpflicht mat 2 Schäffen an eisen 8 Conseilliers a fir eis ass dat eng nobel Aufgab wou mir elo als flott Equipe zesummen verpflicht sin, mat 2 Schäffen an 8 Conseilliers fir eis Gemeng zesummen no fir ze brëngen. Mir sin elo gefuerdert a këmmeren eis fir eis Heemecht op ee guddem Wee ze bréngen. Méi Wichtig ass fir jidder Eenzelnen vun eis déi Momenter vu Gedanken ëm aer Kanner an Enkelkanner Famill, de Nôperen an Frënn. A mir denken och haut un di léiw Mënschen di eis verloos hun, awer och un eis Frënn a Bekannten déi aus gesondheetlichen Grënn nit haut könne bei eis sin. Dir alleguerten gitt de Mënschen an aerer Famill Wäerter mat, fir hiert Liewen an eiser Gemeng mat sengen 4902 Awunner, dovunner 22 % vun den Awunner am Alter vun der Pensioun an déi sinn een wichtigewn Deel an eiser Gesellkschaft an och ee Beispill fir eis. Huelt Deel an hutt Fred um Liewen wëll et gëtt vill gebueden. Ech wëll ofschléissen mat engem grousse MERCI un all uwiesend Matbierger, dem Personal vun der Gemeng awer och dem Gemengerot fir hir Presenz. Duerno ass d’Glas erhuewe gin an op schéi Ferdeeg an op engt glécklécht a gesond neit Joer geprost gin. De gudde Menü vum neien Kachmann huet och jidderengem gut geschmaacht an op di flott Musik vum Entertainer „Top Sound“ ass och vill gedanzt gin. No e puer flotter Stonnen ass de Kado vun der Gemeng verdeelt gin, wou jiddereen desen flotten Nommëtteg och nach Doheem a gudder Erënnerung bléiwen soll.(CR) (Foto: Charles Reiser)