Porte Ouverte beim 385th Bomb Group Memorial Musee mat offizieller Zeremonie

De Comité vum 385th Bomb Group Memorial Musee vu Pärel hat den 16. Juli op hir Porte ouverte vum renovéierten Musee invitéiert. No der offizieller Zeremonie mat Blummenidderleeung beim Denkmal a Präsenz vun enger Delegatioun vun der Air Base Spangdahlem - der Aweihung vun enger Gedenkplack war d'Ouverture vum Musee. De ganzen Dag waren och Militärgefierer vun verschidden Associatiounen ze bewonneren. Fir Iessen a Gedrénks hat de Club des Jeunes Pärel an d'Amicale Pompjeeën Pärel- Wolwen bëschtens gesuergt. Géint Mëtteg huet Fanfare Holtz ënnert der Leedung vum Putty Fischer e flotte Concert offréiert. (CR (Fotoen: Charel Reiser)