90 Käerzen um Kuch vum Här Poos Gaston

Här Gaston Poos huet den 31ten Juli 2023 an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng, wou hien säit den 2ten Mee 2023 wunnt, seng 90 Joer geféiert.

Hien huet 2 Meedercher, d’Sonja an Christiane.

An senger Fräizäit huet hien ëmmer gär mat senger Fra am Gaart geschafft an ass gär gereest.

Geféiert gouf an der Seniorie wou d’Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale wéi och eist Preposé à la direction Madamm Séverine Toffoli hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.

D’Gratulatiounen vun der Gemeng Péiteng huet de Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf, 1. Echevin Romain Mertzig, 2. Echevin André Martins Dias, an 3. Echevin Guy Brecht iwwerbruecht.

Zesummen mat der Famill ass ugestouss ginn.