Här Roger Ehleringer huet den 26ten Mäerz 2023 an der Seniorie St. Joseph zu Péiteng, wou hien säit dem 4ten November 2022 wunnt, seng 95 Joer geféiert.
Hien huet mat senger Fra Ehleringer-Barth Marguerite dat och bei eis hei wunnt 3 Kanner.
An senger Fräizäit beschäftegt hien sech mat Bastelen.
Geféiert gouf an der Seniorie wou den Direkter Laurent Origer an d’Präsidentin Eugénie Derume vun der Amicale hir beschte Gléckwënsch ausgeschwat hunn.
D’Gratulatiounen vun der Gemeng Péiteng huet de Buergermeeschter Pierre Melina, d’Madamm Conter-Klein Raymonde, den Här Jean-Marie Halsdorf an den Här Romain Mertzig iwwerbruecht.
Zesummen mat der Famill ass ugestouss ginn.