Zu Péiteng gouf d'Gemeng gestiermt

Zu Péiteng hunn d'Gecken d'Gemeng gestiermt. De Buergermeeschter perséinlech, ëmgi vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot esouwéi Musikanten a ganz ville Fuesgecken huet der Prënzekoppel de Schlëssel vun der Gemeng offiziell iwwerreecht, esou datt fir e puer Wochen en anere Wand zu Péiteng blose wäert.