Amicale des Anciens du FC Red Black Pfaffenthal Konveniat 2016


Léiw Memberen,
Ët ass nach fréi, mé wann een Eppes Spezielles wëllt, dann muss een fréi un sin.
Mir proposéieren fir den Konveniat 2016 op Hamburg ze fueren, an daat vun Donneschdës den 5 Mé 2016 bis Sonndës den 8 Mé 2016. Freidës den 6/5 ass een Breckendâg, esou dass déi Leit déi nach schaffen nëmmen 1 Dâg Congé brauchen. Mir hun och gekuckt fir mam Flieger ze fléien, mé sin zur Conclusioun komm dass daat ons vill ze deier an Transportkäschten geng kommen (€ 400,- Fliegerticket eleng + Bus zu Hamburg).
Also proposéieren mir 4 Deeg (3 Nuechten) matt engem Reesbus vum Voyages Weber op Hamburg ze fueren an domatt 2 ganzer Deeg zur Verfügung ze hunn. Hamburg ass eng Weltstadt (das Tor zur Welt) wou ët ganz vill ze entdecken gët. Dozou kënnt och nach dass den 7/5 een grousst Hafenfest zu Hamburg ass.
Mir proposéieren och fir ons Fussballferventen den Nordderby
HSV – VFL Wolfsburg
Samsdës, den 7/5 um 15:30 Auer am Volksparkstadion.
Mir hun eng Optioun gehôl fir 35 Leit (13 DZ, 9 EZ) an mir hun 17 nominell Tickéen kaaf fir den Bundesliga Match. D’Nimm fir Tickéen mussen 6 Wochen virum Match mattgedeelt gin.
D’Offer (am Preis anbegraff) un Iech enthält déi folgend Prestatiounen:
-Bus 4* vum Voyages Weber Aller-Retour
-1x Kaffi ënnerwee
-3x Iessen 3 Gang (1x ënnerwee fir dohinner, 1x Owesiessen, 1x ënnerwee fir heem)
-3 Nuechten matt Moiesbuffet am 4* Sup Hotel ,,Ëuropäischer Hof,, zentral geléen, matt allen Facilitéiten
-Freien Zougang zu der ,,Euro Therme,, matt Wellness, Piscine, Sauna, etc
-Eng Stadtrundfahrt matt Guide vun 3 Stonnen
-Eng Alsterrundfahrt vun 1 Stonn
-1 Hafenrundfahrt vun 1 Stonn
-Eng Reesversëcherung
-Gratis Benotzung vun den Transportmëttel zu Hamburg
An daat alles zum Preis (bei 30 Leit) vun: € 630,- pP am DZ an € 795,- pP am EZ.Fir Déi déi matt op den Match gin kascht ët zousätzlëch € 115,-
Mir hum och Méiglëchkeeten, fir Déi, déi interesséiert sin, een Musical oder een Theaterbesuch (Schmidts Theater mat engem Varieté - Programm) ze organiséieren. Mir gengen Iech bieden ons daat separat mattzedeelen : Paul Pratt tél: 621 160 794 Mail : pratt@pt.lu
Jos Dumont Tél:23 660 707 Gsm:691 660 707 Mail: dujo@pt.lu
Wann Dir interesséiert sidd, bieden mir Iech eng Avance ze iwwerweisen bis den 30/10/2015.
Well mir mussen substantiell an Virlâg trieden fir déi Rees, bieden mir Iech d’Avance wéi folgt ze iwwerweisen:
€ 250, - mam Vermierk: Konveniat Hamburg 2016 DZ oder EZ
€ 300,- mam Vermierk: Konveniat Hamburg 2016 DZ oder EZ an Match

IBAN LU30 0021 1908 7454 6900 bei der BIL (BILLLULL)

Den genauen Programm an den Solde vun der Iwwerweisung kritt Dir am März 2016 gescheckt.