D'Amicale des Anciens du FC. Red Black op engem Tour duerch den Dällchen

Treffpunkt war géint 10 Auer am Pescatore‘s Park, wou d‘ Stater Buergermeeschtesch Lydie Polver all Member perséinlech begréisst huet.

No der obligater Gruppefoto goung et vun do aus a Begleedung vun 2 Guidë mam Panoramalift erof an den Dall.

Laanscht d’Uelzecht an de flott ugeluechte Gemeinschaftsgaart an de Fielsen ass de Grupp dunn bei der Muerbelsmillen ukomm, déi wonnerschéi vun der Stad Lëtzebuerg renovéiert gouf.

Haut bekëmmert sech den Interesseveräin aus dem Dall ëm de Musée an der fréierer Moschterfabrick, wou een elo nach déi al Millerieder a Maschinne bewonnere kann.

Vun do aus ass et laanscht de Wäschbur an den Téiwesbur a Richtung néi Pafendaller Gare gaangen, wou de Grupp mam Funiculaire op de Kierchbierg eropgeklotert ass. Hei huet den Tram dunn déi lëschteg Band op de Glacis geféiert.

No dem flotten an Interessante Parcours ass et weider op d’Siweburen gaange wou et eng Choucroute garni ze botte gouf.

No deem quanten Iessen ass nach e bësse gedibbert ginn, an nach sou munch al Anekdoten opgefrëscht ginn.

An der Hoffnung sech dat anert Joer nees erëm ze gesinn huet e flotten Dag, dee wéi ëmmer beschtens vum Comité vun der Amicale organiséiert gouf, op en Ënn gaangen.

Eise 15.Konveniat geet vum 10 bis den 12 Mee 2019 op Heidelberg, mat der Méiglechkeet de Match TSG. Hoffenheim géint Werder Bremen kucken ze goen.