Treffen vun der Amicale des Anciens vum FC. Red Black Pafendall

No dem bereets 12. Konveniat deen dëst Joer vum 5. bis den 8. Mé op Hamburg wor, hunn sech kierzlech op Invitatioun vun der Amicale net manner wéi 49 Memberen zu engem Dâgesausfluch an d’Elsass getraff. Um Programm stoung d’Besichtigung vun der ,,Cave du Roi Dagobert,, zu Traenheim, wou no enger ausgiebeger Wäiprouf, eis Memberen en klengt Geschenk iwwerreecht kruten.

Du goung d’Rees weider iwwert Wäistrooss op Pfulgriesheim an deen bescht bekannten Restaurant ,,Bürestubel,, wou et no enger Tarte flambée fir den Appetit unzereegen, eng fantastesch Choucroute Royal ze botten gouf.

Dëst Treffen huet och Deenen déi soss net mat op eis alljährlech Konveniaten konnten matgoen, Geleegënheet ginn fir e puer gemittlech Stonnen ënner Frënn verbréngen ze kënnen.
No engem quanten Iessen ass nach e bësschen gedibbert ginn, wou dobäi nach déi eng, oder aner al Anekdoten opgefrëscht goufen.

Jiddereen wor sech eens dass dësen flotten Dag wéi ëmmer beschtens vum Comité vun der Amicale organiséiert gouf.

Géint 17.00 Auer dun huet den Téckert gerabbelt fir zeréck op Lëtzebuerg ze fueren, an der Hoffnung sech dat âanert Jôer nees erëm ze gesinn. Domat huet dunn e flotten Dâg säin Ausklang fond.


Ze bemierken ass nach dass eisen 13. Konveniat iwwert 4 Deeg vum 28. Abrëll bis den 1. Mé 2017 an d’Bourgogne geet, an daat kombinéiert mam Besuch vum Match FCO Dijon géint Girondins Bordeaux.