Dem Dieter Wandrey zum 85. Gebuertsdag gratuléiert


Préizerdaul: Bedingt duerch e gut gefëllten Agenda huet de Schëfferôt vun der Gemeng Préizerdaul vertrueden duerch de Marc Rehlinger an Fernand Muller mat e bëssen Verspéidung dem Dieter Wandrey vu Platen viru kuurzem fir säin 85. Gebuertsdag am Numm vun der ganzer Gemeng mat der Iwerreechung vun enger gut gefëllter Corbeille och ganz häerzlich gratuléiert. Den Dieter Wandrey ass als eenzege Jong den 21. November 1938 zu Mannheim op d’Welt komm. Seng Elteren waren den Albert Wandrey an d‘Antonia Wimmer. De Jubilar als geléierte Kach ass am Joer 1957 op Lëtzebuerg komm an huet spéider bei der Firma Dupont de Nemour bis zu senger Pensioun am Joer 1995 geschafft. Den 9. September 1960 ass Hochzäit gefeiert gin mam Marie- Regine Rech vu Lëtzebuerg. Am Laaf vum Joer ass d’Famill Wandrey- Rech schließlich an hirt neit erbauten Haus op Platen geplënnert. Aus hirem Bestiednis sin dräi Jongen an zwee Meedercher erviergaangen. Sechs Enkelkanner an een Urenkel zielen haut zum Stolz vun der Famill Wandrey. A senger Fräizäit genéisst den Dieter mat senger Madame d’Aktiviéiten vun der Amicale vum 3. Alter Préizerdaul. Bei flottem Zesummesin ass d’Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin an op weider gesond an zefridde Joeren ugestouss gin. (CR)(Foto: Charles Reiser)