Dem Francesco Manieri zum 85. Gebuertsdag gratuléiert

Platen: Op eng arbechtsräichst Berufsliewen kann den Francesco Manieri vu Platen zerëck kucken, den bei gudder Gesondheet säin 85. Gebuertsdag Doheem konnt feieren. Duefir war et vir de Buergermeeschter Marc Gergen begleet vu sengen béid Schäffen Fernand Muller an Marc Rehlinger eng ganz besonnesch Éier fir dem Jubilar mat enger gudd gefëllter Corbeille am Numm vun der Gemeng Préizerdaul ganz haerzlich ze gratuléieren. Den Francensco Manieri huet d’Liicht vun der Welt den 8. November 1938 zu Castelleone Di Suasa (I) erblëckt an dat als den 2. jëngsten Jong vun 7 Kanner. Seng Elteren waren den Alberto Manieri an d’Pierina Tiberi. Den 5. Februar 1966 ass Hochzäit gefeiert gin mam Adele Sebastianelli vun Mondavio (I). Zesummen wunnen sie säit 1966 an hirem neien Haus zu Platen am Préizerdaul, wou si sech och ganz wuel fillen. Aus hirem Bestiednis koumen no an no eng Duechter an e Jong op d‘Welt. Véier Enkelkanner zielen haut zum Stolz vun der Famill Manieri. A sengem aktiven Berufsliewen war den Francesco Manieri vun 1968 bis zu senger Pensioun am Joer 2000 als ganz engagéierten

Steemetzer beim demoligen Entrepreuneur Willy Mertens am Préizerdaul beschäftigt. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin an op weider zefridden a gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)