Happy Birthday fir 29 Jubilaren am HPPA Réiden/Atert
um weitere Bilder zu sehen.
Réiden/Atert: Et ass di éischt gemeinsam Gebuertsdagsfeier, den 19. Mäerz, fir dest Joer bei eis am Réidener Altersheem. Mat dese Wieder vu Wëllkomm huet den Home- Direkter Dany Oestreicher d'Jubilaren zesumme mat hire Famillje vun de Méint Dezember, Januar a Februar begréisst an hinnen zu hirem Gebuertsdag am Numm vun der Direktioun mam gesamte Personal vum Haus alles Guddes an eng weider gutt Gesondheet gewënscht. No enger Coupe Crémant sinn si och all mat engem Kaddo an deelweis ofhängig vun hirem ronne Gebuertsdag och mat enger Rous geéiert gin. Zesumme mat de Familljememberen huet jiddereen sech den Teller mam gudden Oweskascht, nieft engem gudde Stéck Kuch och gutt schmaache gelooss. Op di flott Musik vum Jeannot Conter, dee fir gutt Stëmmung am festlich gerëschte Festsall mam Animatiounsteam, ass och vill gelaacht a gedanzt gin. Bei deser schéiner Feier si follgend Geburtsdagskanner mat engem Happy Birthday geéiert gin. Mount Dezember: Schmitz- Liewerchen Elly (88 Joer), Berchem- Lefort Jeanne Marie (85), Binsfeld- Peiffer Maria Lucienne (87), Zeien Georgette (90), Ruppert- Schroeder Josette (89), Neu Nicolas (88), Theischen Aloyse (94), Wald Gaston (88), Colas- Kieffer Aline (80) a Poll- Guth Anne (83). Mount Januar: Welter- Panasiuk Hanna Krystyna (70), Hennico- Nothomb Marie (93), Karger- Thein Angèle (88), Mersch- Rach Pierette (93), Pater Gérard Schumacher (84), Rausch -Wallig (Maria (82), Fischer Roger (93) a Jaeger Emile (88). Mount Februar: Tissen Viviane (82), Majerus- Mertens Rosalie (92), Salentiny- Wirth Clemy (92), Bingen Julien (81), Sr. Benedikta (82), Felten- Hentzen Marcelle (92), Clesen- Theisen Elise (94), Schon Anne Marguerite (97), Schoder- Tintinger Léonie (95), Reisen Résie (87) a Brack- Muller Maria 89). (CR) (Foto: Charles Reiser)