Fues- Jux Tournoi vum Dauler Fiederball


Préizerdaul: D’Echoen konnten net besser sinn, déi déi Responsabel vum Dauler Fiederball während an nom Event den Samschden 03. Februar 2024 an der Plietener Sportshal kritt hunn, sief et vun de Matspiller wéi och vun de Leit an der gutt besichter Buvette. Et war dat emol erëm een erfrëschend Sport- a Fräizäitfest, dat souwuel de soziale Volet wéi och de sportlechen op effikass Aart a Weis mateneen verbonnen huet. Sou muncher een huet déi Deeg duerno ee kräftege Muskelkueder missten auskuréieren, an och bis dohin verbuerge Muskelen entdeckt.

Matgespillt hunn souwuel Veräiner aus dem kulturelle Secteur an dem sportlechen, wéi och Vertrieder vum Gemengerot, vun der Amicale vun de Pompjeeën, der Maison Relais..., all Alter tëschent 18 an 70 war vertrueden. Net ze klappen war eisen Dauler Fiederball Duo Mandy Boes a Lena Bidoli, déi keen eenzege Match hu missten ofginn. Bleift nach ze soen datt mir mat dësem Event eng al Traditioun erëm opgegraff hunn, déi et fir d’Lescht viru laanger Zäit emol ginn ass, mam Zil fir déi eenzel Veräiner bei engem flotten Event ze mëschen.

Ee ganz décke Merci un déi ganz Équipe déi bei der Organisatioun, der Caisse, dem Catering an dem Encadrement eng kräfteg Hand mat ugepak hunn. Och een décke Merci un de Charel Reiser fir d’Fotoen, der Gemeng fir d’Hal, eise Sponsoren a speziell un all déi Clibb déi entweder mat enger Équipe ugetruede sinn oder vun uewenop sech déi Saach emol bei engem Patt ugekuckt hunn. Villäicht kann een dat nächste Joer op nach eng méi grouss Diversifikatioun setzen, an eppes steet scho fest, de Wonsch fir dësen Event nach eemol ze widderhuelen, dann awer als “super mêlée”, wou all Spiller all Match souwuel aner Géigner wéi och een anere Partner(in) zougeloust kritt.. Bei 48 Spiller oder Spillerinnen musse mer awer bremsen, d’Hal léisst net méi zou. Fir weider Informatiounen iwwert eise Club ze kréien, kuckt emol op www.daulerfb.com- (Text: Theo Ney) (Foto: Charles Reiser)