Neijoersréceptioun mat Sportleréierung am Préizerdaul

Fir den 20. Januar hat d' Gemeng Préizerdaul op seng traditionell Neijoersréceptioun an de Kulturzentrum op Platen invitéiert. No sengen Neijoerswënsch am Numm vum Schëffen- a Gemengerot ass de Buergermeeschter Marc Gergen kuurz op di vill Projeeën agaangen déi deelweis schon fërdeg gestallt sin an och am Laaf vum Joer 2024 um Programm stin. Duerno war et um Jemp Sinner fir d'Leeschtung vun denen verschiddenen Sportler ervier ze hiewen, déi mat engem entspriechenden Kado och honoréiert goufen. Denen Mannschaften a Sportler, déi desen Owend nit konnten present sin, ass och gratuléiert gin.Beim Néijoerspatt ass dunn a flotter Ambiance op dat neit Joer ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)