Dem Ady Muller fir säin 85. Gebuertsdag gratuléiert


Préizerdaul: Stets gut gelaunt an och nach bei gudder Gesondheet, konnt den Ady Muller vu Proz viru kurzem, Doheem säin 85. Gebuertsdag feieren. De Jubilar gouf den 5. Februar 1938 als deen fënnef- jëngsten Jong vun 13 Kanner zu Polle (BRD) gebuer. A sengem Berufsliewen war den Ady Muller wärend iwer 40 Joer an dat bis zu senger Pensioun am Joer 2013 als Buschauffeur ganz aktiv beschäftigt. D’Hochzäit mam Hilda Becker vun Hengescht war den 12. Abrël 1969. Aus hirem Bestiednis sin hir zwee Kanner, Sonja an Fernand erviergaangen. Haut kann d’Famill Muller- Becker mat Stolz op hir véier Enkelkanner zerëckkucken. Säit 1974 wunnen sie allen zwee zu Proz am Préizerdaul. Do huet d’Hilda niewt dem Haushalt, vun 1974 bis 1989 vill Klienten op hirer Tankstell bedingt. Wéi dat zur schéiner Traditioun am Préizerdaul gehéiert, war de Buergermeeschter Marc Gergen mat enger gut gefëllter Corbeille beim Ady Muller virstellig, fier him am Numm vun der Gemengeverwaltung Préizerdaul Alles Guddes an eng weiderhin gudd Gesondheet ze wënschen. No engem musikalischen Ständchen war et um Franz Hilger als President vun der Préizerdauler Musek, den, mat der Iwerreechung vun enger schéiner Corbeille, dem Jubilar och gratuléiert huet, fir an treffende Wierder dem Ady Muller sengt Engagement vun 1982 un bis haut am Virstand ervierzehiewen, den och schon wärend laange Joeren mat Stolz de Fändel vun der Musik bei all Manifestatiounen dréiht. Mam Opschneiden vum Gebuersdagskuch ass d‘Glas zesummen mat der Famill erhuewe gin, an op weider schéin Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charel Reiser)