Préizerdaul: Ëmmer gut gelaunt an och nach bei gudder Gesondheet, konnt d'Hilda Muller- Becker vu Proz viru kuerzem hire 85. Gebuertsdag feieren. D'Hilda Becker gouf de 16. Dezember 1940 als dat eelst vun zwee Kanner zu Hengescht gebuer. Hier Eltere waren de Leonard Becker an d'Suzanne Stecker. D'Hochzäit zu Pëtscht mam Ady Muller vu Polle (D) war den 12. Abrël 1969. Aus hirem Bestietnis sinn hir zwee Kanner Sonja a Fernand ervirgaangen. Ganz Stolz ass d'Famill Muller- Becker haut op hir véier Enkelkanner. Säit 1974 wunne sie allen zwee an hirem Haus zu Proz am Préizerdaul. Do huet d' Hilda vun 1974 bis 1989 vill Klienten op hirer Tankstell bedéngt. Haut ass hir Fräizäit och nach gutt gefëllt niewent dem Wanderen, Reesen, Bitzen, Aqua Swim , als Member an der Amiperas Préizerdaul an am Senioreforum Useldeng. Och d'Sangen am Gesangveräin zu Ospern meecht der Jubilarin ëmmer ganz vill Freed. Wéi dat och zur schéiner Traditioun gehéiert, war de Buergermeeschter Marc Gergen a Presenz vu sengem Schëffe Marc Rehlinger bei der Jubilarin zu Proz mat enger gut gefëllter Corbeille virstellig, fir dem Hilda Muller- Becker am Numm vun der Gemeng Préizerdaul Alles Guddes a weiderhin eng gut Gesondheet ze wënschen. Hire Jong Fernand, den och als Schëffen an der Gemeng tätig ass, huet sech dene Gléckwënsch fir seng Mamm och ganz gären ugeschloss. Duerno ass d'Glas erhuewe ginn a mat der Famill op de 85. Gebuertsdag geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)