D'Schüler aus der Zentralschoul hun Hecken an Uebstbeem geplanzt


Rammerich: Zu Lëtzebuerg gouf 1991 den Dag vum Bam ënnert dem offiziellen Numm „Journée de l'arbre“ vun der Stëftung Hëllef fir d’Natur an Ëmwelt agefouert, de gewéinlich am November organiséiert gett. Sou waren di couragéiert Schüler aus drei Klassen vum Zyklus 4.2 aus der Zentralschoul vu Kietscht trotz Fiichtegkeet an e bësse Keelt erausgerëckt, fir ënnert der Leedung vum Fieschter Serge Hermes mat senger Equippe an mat der Präsenz vum Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schëffin Myriam Binck um Bann an der Géigend vun der Kalemterkoll zu Wolven eng Heck vun ronn 130 Meter Längt mat verschiddenen Zorten vum Sträicher ze planzen. Mat Begeeschterung hun d’Schüler di 500 Planzen fachgerecht an de Buedem gesaat. Virdrun hat de Fieschter Serge Hermes hinnen de Sënn, d’Notzen vun de Planzen vir Mënsch an Déier an Technik am Detail erklärt. Am selwechten Kontext waren och nach 28 Äppel- a Biirebeem an zwéin Uebstbongerten um Terrain vun der Rammericher Gemeng gesaat gin. Dess Bamplanzaktioun dréit nieft der Opwertung vum Landschaftsbild an der Gemeng Rammerich virun allem derzou bäi fir dem Biodiversitéitsverloscht entgéint ze wierken. Doriwwer eraus, kritt esou een Projet, duerch d'Abannen vu Schoulklassen een enormen pädagogischen Wert. (CHAREL REISER)