Chrëschtdags-Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen a Rumänien 1.- 20.11.2021

Chrëschtdags-Liewensmëttelpäck fir

aarm Familljen a Rumänien

1.- 20.11.2021

Gratis Këschten kritt Dir op de Sammelplazen / an de Kierche vun ärem Porverband vum 1. November un. D'Këschte mussen all d‘selwecht gefëllt si mat folgende Saachen:

- 1 kg Zocker / - 250 g Kaffi

- 1kg Miel / - 4 Päck Zoppen à 4 Telleren

- 250 g Back-Kakao / - 2 Vitaminbrausetabletten

- 1 kg Räis / - 1 Pack Friichtentéi

- 1 Pack Kichelcher / - 1 kg Spaghetti

- 500 g Margarine / - 1 Tut Kamellen

- 3 Päck Bouillonscuben / - 2 Fëschkonserven

- 400 g Schockela / - Chrëschtdagskaart

- 1kg Schmull (semoule de blé) oder gedrëschent Ierbëssen/Lënsen


Gitt dës gefëllte Këschte w.e.g. virum 20. November 2021 op de Sammelplazen of.

Fir Problemer op der Grenz ze vermeiden, musse mir all Këschte kontrolléieren. Dofir w.e.g. d’Këscht weder zoupechen nach zoustrécken.

Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplazen ofzeginn fir Këschte vun eis fëllen ze loossen (30€ pro Këscht = Präis durch Grouss-Akaaf doduerch kënne mir méi Këschte fëllen a verdeelen).


Zu Olm an zu Recken/Miersch sammele mir ausserdeem Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys, Kannerkleeder a waarm Decken.


Villmools Merci fir Ärt Verständnis an Entgéintkommen.


Sammelplazen/ Dons :


Viviane a Charel Elsen-Feltus

12, rue um Lehm

L-7596 Reckange/Mersch

Tel: 32 75 42 / email: elsench8@pt.lu


Kanner an Familljenhëllef ASBL (Siège social)

7, rue de Kehlen

L-8394 Olm

Tel: 661 30 93 20


Dons:

CCPLLULL IBAN LU61 1111 7038 8755 0000

KANNER AN FAMILLJENHËLLEF A.S.B.L.