Kanner- a Familljenhëllef a.s.b.l. Schoulsak-Aktioun 2023

Ee grousse Merci all deenen, déi bei der Schoulsak-Aktioun fir Nord-Albanien (Municipalitéit MAT) matgemeet hunn:

Dëst Joer hu mir mat Ärer Hëllef 605 gefëllte Schoulsäk, souwéi Schoulmaterial, Schoulbänken mat Still gesammelt. Desweideren och nach Spillsaachen, Kleeder, Vëloen, Babybettercher, Kutschen, Buggyen an Donen.

Déi gefëllten Schoulsäck goufen am August un 518 Kanner am Alter tëschent 6 an 14 Joër verdeelt. Déi räschtlech Schoulsäck goufen an der Nopeschgemeng un bedürftig Kanner verdeelt.

D‘Kanner an hir Famillen kënnen nëmmen mat Ennerstëzung iwerliewen. D'Schoulsäk ginn also dringend gebraucht. Vill Kanner wäerten sech freeën an elo léiwer an d'Schoul goen mat hirem schéinen a gutt gefëllten Schoulsak.