Schoulsaktioun 1.7.2023 - 25.7.2023

Schoulsaktioun 1.7.2023 - 25.7.2023


Aarm Kanner an Süd-Ost-Europa (Albanien) brauchen 1 Schoulsak / Rucksak

(a guddem Zoustand) mat Schoulmaterial fir an d’Schoul ze goen:


3 Hefter (normal Häisercher)

Lineal a Schéier

(nei) Schachtel mat 4 Bläistëfter

Gummi

2 Bic’er

nei Stëfter an Holzfaarwen

Spëtzer

Molbuch


An och: Mutz, Schal, Händschen, waarm Strëmp, e Kuscheldéier, eng kleng Spillsaach, 1 Tut Kamellen an 1 Zännbischt mat Zähnseef. W.e.g. kee Schokela am Summer.


Dir kënnt all Aarten vu Schoulmaterial op de Sammelplazen ofginn.

Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplaatzen ofzeginn, fir Schoulsäck vun eis fëllen ze loossen oder een Don fir d’Transportkäschten ze maachen.

Ausserdeem sammele mir zou Olm Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys, Kannerkleeder a waarm Decken. Alles w.e.g an engem properen a gudden Zoustand.

Villmools Merci fir Ärt Verständnis an Entgéintkommen.


Sammelplazen:

Viviane a Charel Elsen_Feltus

12, rue um Lehm

L-7596 Reckange/Mersch

Tel: 32 75 42 / elsench8@pt.lu