En Happy Birthday fir den Emile Simon zum 85. Gebuertsdag


Räichel: Normaler Weis soll en säin Gebuertsdag feieren, wann den Dag et erlaabt. Dat war, awer pandemiebedingt fir den Emile Simon vu Räichel fir säin 85. Gebuertsdag leider nit de Fall. Duefir huet de Buergermeeschter Henri Gerekens mat senge Konseillers Monique Kuffer, Val Bodem an Raymond Remakel trotzdem mat e bësse Verspéidung drop gehaalen, fir dem Emile mat engem gut gefëllten Geschenkkuerf am Numm vun der Gemeng Réiden, ze gratuléieren an him fir d’Zukunft Alles Guddes an eng weider gudd Gesondheet ze wënschen. Den Emile Simon ass den 2. Juni 1936 als de jéngste Bouf vun zwee Kanner zu Räichel op d’Welt komm. Seng Elteren waren de Jean- Baptiste Simon an d’Anna Trausch. Den 5. Juli 1969 ass Hochzäit gefeiert gin mam Maria Blaise vu Rued/Réiden. Aus hirem Bestiednis sin zwee Meedercher an e Jong ervirgaangen. Sechs Enkelkanner gehéieren haut zum Stolz vun der Famill Simon. Zesummen hun si mat vill Dévouement de Bauerebetrib vun den Elteren zu Räichel weidergefouert, fir hirem Jong, Mike deselwechten dann am Joer 2006 virun ze gin. Zesummen mat der Famill gouf d’Glas erhuewen an op weider schéin an zefridde Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)