Räichel: Gut gelaunt a bei relativ gudder Gesondheet konnt den Emile Simon vu Räichel viru kuerzem säin 90. Gebuertsdag Doheem mat der Famill, Frënn, Bekannten an de Gemengevertrieder och gebührend feieren. Den Emile Simon ass den 2. Juni 1936 als de jéngste Bouf vun zwee Kanner zu Räichel op d'Welt komm. Seng Eltere waren de Jean- Baptiste Simon an d'Anna Trausch. De 5. Juli 1969 huet den Emile sech mam Maria Blaise vu Rued/Réiden bestuet, Aus hirem Bestiednis sin zwee Meedercher an e Jong ervirgaangen. Haut gehéiere sechs Enkelkanner zum Stolz vun der Famill Simon- Blaise. Zesummen hun si mat vill Dévouement den elterlichen Bauereberib zu Räichel weidergefuert, fir hirem Jong Mike deselwechten dann am Joer 2006 virun ze gin. Fir desen ronne Gebuertsdag vum Emile Simon och besonnesch ervirzehiewen, war de Buergermeeschter Heng Gerekens mat sengem Schëffen- a Gemengerot bei de Jubilar mat enger gut gefëllter Corbeille komm, fir den Emile Simon am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert di allerbescht Gléckwënsch zum 90. Gebuertsdag ze iwerbrëngen. Besonnesch huet de Buergermeeschter nit nëmmen di gut Noperschaft an all dene Joeren ervirgehuewen, awer och de Jubilar als en jovialen Matbierger an der Gemeng den sengt ganzt Liewen als Bauer vill geschafft huet an elo seng wuelverdingte Pensioun mat senger Madame a Famill kann genéissen. Duerno ass d'Glas zesummen mat allen Invitéen erhuewe gin an mat engem kräftegem Happy Birthday op weider gesond an zefridde Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)