68. Rochusfeier vun de Bäcker, Patissiers a Mëller


Rëmmerich: Et war dest Joer schon fir di 68. Kéier, dat den hl. Rochus, Schutzpatréiner vun den Bäcker, Patissiers a Mëller bei der schéiner Bëschkapell zu Rëmmerich gefeiert gëtt. Bei schéinem Summerwieder haten och vill Leit aus der Gemeng an och vun no a wäit de Wee fond, fir dem Gottesdëngst beizewunnen. D’Eucharistiefeier huet den Abbé Vincent Billot zelebréiert, déi gesanglich vum Ensemble Vocal Préizerdaul mam Francis Glesener op der Uergel begleet, gesanglich a musikalisch verschéinert gouf . Wärend der Mass ass d’Brout, dat schéin presentéiert, opgestallt war, och geseent gin. No de Wierder vun der SI- Presidentin Josée Steichen- Risch, dem Carlo Bock als Vertrieder vun de Bäcker souwi och vum Buergermeeschter Marc Gergen, déi op di schéin Traditioun vun deser Rochusfeier agaange sin, déi vum lokalen Syndicat d’Initiative an der Gemeng zesummen mam Club Richemont organiséiert gi war sin d’Broutspezialitéiten un d’Leit och gratis verdeelt gin. Beim Éierepatt huet di Préizerdauler Musik ënnert der Leedung vun hirem Chef, Christophe Terver e flotten Apéritif- Concert zum Bäschte gin. A flotter Gesellschaft huet dess Rochusfeier no e puer angenehmer Stonnen och sengt würdigt Ënn fond. (CR (Fotoen: Charles Reiser)