Neit Kapitel fir de Musée Michel Lucius- Veräin fir d'Leedung gegrënnt
um weitere Bilder zu sehen.
Rëmmerich :A klenge Kader, mee mat grousser Motivatioun, gouf den 18. Mee 2026 am Musée Michel Lucius zu Rëmerech offiziell en neie Veräin fir d’Leedung vum Geologie-Musée gegrënnt. Interesséiert Leit aus der Gemeng Préizerdaul sinn zesummekomm, fir gemeinsam de Grondstee fir déi zukünfteg Weiderentwécklung vum Musée ze leeën.
D’Neigrënnung fält dobäi an e besonnescht Joer: 2026 markéiert den 150. Gebuertsdag vum Michel Lucius. Passend zu dësem Jubiläum soll de Musée nei opliewen. Zil vum Veräin ass et, de kulturellen an historesche Patrimoine ronderëm de Michel Lucius erëm sichtbar ze maachen an de Musée als lieweg Begéinungs- an Erënnerungsplaz an der Regioun ze stäerken.
Duerch den Owend huet de Jos Bormann gefouert, deen de Musée wärend ville Jore mat groussem perséinlechem Engagement fräiwëlleg betreit huet an dës Aufgab gréisstendeels eleng iwwerholl hat. Besonnesch gefreet huet hien sech doriwwer, datt elo verschidden Interesséiert bereet sinn, sech aktiv anzebréngen an de Musée an Zukunft gemeinsam weider ze droen. Dobäi waren och de Karsten Küpper, Koordinator vum Pakt vum Zesummeliewen, souwéi verschidden interesséiert Awunner*innen, déi direkt Grënnungsmembere vum neie Veräin goufen.
De Buergermeeschter Marc Gergen huet a senger Usprooch betount, datt et him e besonnescht Uleies gewiescht wier, bei dëser Grënnung perséinlech dobäi ze sinn. Grad an enger Zäit, an der vill Veräiner opgeléist ginn oder Schwieregkeeten hunn, Nowues ze fannen, wier et besonnesch schéin ze gesinn, datt sech Mënsche mat gemeinsamen Interessen zesummefannen an esouguer en neie Veräin gegrënnt gëtt. D’Gemeng Préizerdaul ënnerstëtzt dëst Initiative a freet sech iwwer dat neit Engagement.
Eréischt duerch de LEADER-Projet „Geschichteland: Muséeën am Wëlle Westen“ koum nei Dynamik an d’Weiderentwécklung vum Musée. D’Céline Lanners huet e kuerzen Abléck ginn an d’Aarbechten déi bis elo ëmgesat gi sinn, weider geplangte Schrëtt an d’Méiglechkeete, wéi de Musée Michel Lucius an Zukunft dovunner profitéiere kann.
Mat der Veräinsgrënnung fänkt elo en neit Kapitel fir de Musée Michel Lucius zu Rëmerech un – gedroe vu fräiwëllegem Engagement, regionaler Zesummenaarbecht an dem gemeinsame Wonsch, Geschicht lieweg ze halen. (Text: Céline Lanners, Foto: Charles Reiser)