Das Wandern ist des Kohl’s Jos Lust.

Version:1.0 StartHTML:0000000185 EndHTML:0000026335 StartFragment:0000021276 EndFragment:0000026295 SourceURL:file:///C:\Users\Ren\Documents\Das%20Wandern%20ist%20des%20Kohl.docx

A 17 Deeg, 700 Kilometer marschéieren, muss een do eng mat der Ratsch hunn, oder ass een einfach nëmmen héich motivéiert, sech a seng Grenzen ze testen?

De Jos Kohl vu Reiland, ee passionéierte Wanderer, huet sech dës Fro gestallt an der Erausfuerderung gestallt, de Jos ass Joergang 1951.

Ugang ass et mat engem 200 Kilometermarsch, selbstverständlech un engem Stéck. Et war eng Grupp vun 118 Marscheuren déi vun St. Brevin op Sebastian marschéiert sinn, dëst a 34 Stonnen, wouvunner et eng 100 Marcheure waren, déi ukomm sinn.

Paris-Tubize, all Wanderer kënnt dës Erausfuerderung. Vum 2. bis de 5. Juni, 4 Deeg laang, mat pro Dag, Etappe vu 75/80/73 a 60 Kilometer.

68 Participante sinn dëse Marsch ugaangen, et war dem Jos seng drëtt Deelnahm un engem vun deene schwéierste Märsch déi et iwwerhaapt ginn. Iwwregens huet de Jos sech d’Ziel gesat, Paris-Tupize, fënnefmol mat ze maachen, d’Ziel ass no.

Duerno ass et vum 7. Juni bis de 9. Juni op Koblenz op d’Wanderolympiad gaangen. Hei waren et an 3 Deeg, 2 Marathonen an den drëtten Dag 60 Kilometer ze absolvéieren, insgesamt also iwwer 144 schwéier Kilometer.

Den Dag duerno stoung zu Lëtzebuerg de Marche internationale de Diekirch, besser bekannt als Arméismarsch, um Programm. Samschdes’s huet de Jos 40 Kilometer erwandert, Sonndes war den Akku awer du bal eidel, de Jos huet gebremst an ass déi 20er Streck gaangen.

Insgesamt sinn dëst vum 26. Mee bis den 11. Juni, insgesamt ongeféier 700 Kilometer. A wéi séier sech dem Jos seng Akkuen erëm lueden, huet hie 5 Deeg nom Arméismarsch bewisen, ass de Jos dach dunn zu Torhout, 100 Kilometer marschéiert.

Jos, de Respekt vun all Wanderer ass dir sécher, si wëssen datten och scho Strecke vun 10 oder 20 Kilometer eng enorm Erausfuerderung sinn.