Gedenkfeier un de Pierchen Hommel vu Rippweiler

Rippweiler: E Jong vu Rippweiler, den Pierre Hommel gouf virun 70 Joer an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 zu Sonnenburg/Slonsk vun der Gestapo zesummen mat 90 aner Lëtzebuerger erschoss. Och d’Gemeng Useldeng huet de läschte Sonndeg un hire Jong erënnert. Während der Mass déi vum Paschtouer Mathieu Janssen an der Poerkierch zu Rippweiler zelebréiert gouf, huet de Buergermeschter Pollo Bodem un di schrecklich Krichszäit vum Pierchen Hommel erënnert. No dem Reichsarbeitsdienst zu Brahnau a Polen koum hien zrëck als Schoulmeschter op Woltz ier hien dunn an d’Wehrmacht sollt agezun gin. De Pierchen huet d’Aberuffungsschreiwen vum 25.Oktober 1943 nit befollegt an gouf als Refraktär gläich drop fir 9 Wochen bei der Famill Hess zu Rippweiler verstoppt. E grousse Respekt gëllt der Famill Hess an denen vill aneren an der Gemeng déi den totalen Risiko agange sin. Duerno krut de Pierchen sech an d’Frankräich an d‘Géigend vu les Ancises bei Clermont-Ferrand ofgesat an huet do op engem Bauerenhaff geschafft a gouf- dat muss een sich mol virstellen, vun engem anere Lëtzebuerger, den als Refraktär geschnappt ginn war, mee dono sich bereet erklärt huet fir d’Gestapo ze schaffen- verroden. Hien gouf den 16. März 1944 verhaft, an koum gläich drop an de Prisong an de Stadtsgronn. Vum Krichsgericht zu Tréier gouf hien zu 15 Joer Prisong condamnéiert an huet dunn d’Prisongen vun Treier a Siegburg bei Köln kenne geléiert. Den 6. August 1944 hun sie hien an di berüchtigt Moorlageren bei Papenburg an d'Emsland verfracht an ass awer schon Mëtt November evakuéiert gin. Dunn koum di kurz schlëm Zäit zu Sonnenburg mat sengem uschléisendem Dout. Op sengem Doudebild, wat d’Famill eraus gin huet, stin des Sätz geschriwen: Fir d’Heemecht goufs du d’Liewen, an d’Heemecht wees Dir Dank, Well hir gollt all däi Striewen, Du hues si trei bekannt. Du bass gefall fir d’Fräiheet, Däin Dout war nit emsoss, Well aus dem groussen Onheel, Ass d’Fräiheet nei erspross. No der Mass huet d’Gemeng Useldeng mam Comité de souvenir mat hirem Präsident Roger Feiereisen an der Sekretärin Lou Anzia- Ney, zesummen mat der Famill vum Pierchen Hommel, Blummen bei der Erënnerungsplack an der Kapell um Kierfecht zu Rippweiler niddergeluecht. Des beandrockent Gedenkzeremonie gouf mam Sangen vun der Heemecht duerch d’Chorale ofgeschloss. (CR)FOTOS: CHARLES REISER)